MERCI

Op dëser Plaz wëlle mir deene Leit Merci soen, déi bis elo beim Projet dobäi waren oder et nach ëmmer sinn. Water Hackers wier net dat selwecht ouni dës Helden an Organisatiounen, déi hir Expertise zum Projet bäigesteiert hunn!

IVÁN RAZO-ZAPATA

Den Iván Razo-Zapata schafft un ënnerschiddleche Weeër fir d’Leit fir d’Wichtegkeet vun de natierleche Ressourcen ze sensibiliséieren an un innovative Mechanisme fir de Gebrauch vu dëse Ressourcen ze optimiséieren. Hien ass ëmmer fir eng Brainstorming-Session iwwer Water Hackers ze hunn a schafft mat un der Strategie fir d’Plattform. Hien huet beim EU-Projet “Scanergy” matgemaach, bei deem eng digital Plattform geschaf gouf fir Energie tëschent Prosumers ze handelen, mat Hëllef vun enger Kryptowährung déi vu Bitcoin inspiréiert ass (http://www.scanergy-project.eu/). 2013 huet hien un der Competitioun Climate CoLab deelgeholl, déi vum MIT Center for Collective Intelligence organiséiert gouf (http://climatecolab.org/plans/-/plans/contestId/22/planId/1304127).

GIACOMO PIOVAN

Den Giacomo Piovan ass e Social designer an den Initiateur vu Water Hackers. Während de leschte Joren huet hie fir de Socialmatter design studio nei Produiten a Servicer fir sozial a nohalteg Organisatioune co-kreéiert. Seng Faszinatioun gëllt der Technology an der Nohaltegkeet, seng Praxis konzentréiert sech dofir op Kollaboratioune mat lokale Partner duerch eng participativ Approche. Hie gleeft un eng ëmmer weider wuessend Gemeinschaft vu Water Hackers zu Lëtzebuerg an op der ganzer Welt.

IRINA MOONS

D’Irina Moons ass eng Webdesignerin zu Lëtzebuerg an ass responsabel fir den Design vun der Kommunikatioun an der Interaktioun op der Plattform. Hatt huet beim Projet “Gustaterrium” matgemaach, engem online Gaart fir d’Sënner vum franséische Ministère de l’Agriculture (http://www.gustaterrium.fr). Hatt béckt och gäre vegane Kuch an hält sou dat ganzt Team um Ball. Link: www.moons.lu

CHRISTIAN PENNY

De Christian Penny, en Expert an der Microbiologie beim LIST, ass ganz aktiv an der Wëssensvermëttlung u Jonker. Et ass säi Verdéngscht dat mir op eng zolidd wëssenschaftlech Basis kënnen zeréckgräifen. Während e puer Joer stoung hien der Water Hackers Initiative mat wëssenschaftlechem Rot zur Säit, zum Beispill während dem Science Festival, wou de Projet 2013 entstanen ass. Ënnert dësem Link ginn et méi Informatiounen zu sengen Aktivitéiten. (www.list.lu/en/erin/news/microbiologie-une-chercheuse-en-herbe-fait-sensation-avec-son-projet-soutenu-par-le-list/)

CHELSEA DASTHY

D’Chelsea Dasthy ass eng Lëtzebuergesch Studentin. Hat huet iwwert eng länger Zäit (2017-2018) een Stage bei Socialmatter gemaach an huet sech gréißten Deels un den Zeechnungen an un den Videoen bedeelegt vir den Projet Water Hackers. Hat ass engagéiert an freet sech ëmmer nees op néi Erausfuerderungen.

LYNN SCHAMMEL

D’Lynn Schammel ass Social Designerin zu Lëtzebuerg an huet e Master vun der Design Academy Eindhoven. Seng Praxis ass fokusséiert op nei Kommunikatiounsmethoden am Beräich vun der sozialer Integratioun. Am Moment schafft hatt zesumme mat Jugendorganisatiounen un der Promotioun vun der circular economy an dem Gebrauch vu recycléiertem Material an de Schoulen. Hatt war implizéiert an der Ëffentlechkeetsaarbecht mat de Schoulen an huet dozou bäigedroen dat eis Tools elo ganz einfach ze baue sinn.

MERCI SOE MIR OCH...