Mir freeën eis wanns du deng eegen Tools bauen a lokal Analyse wëlls maachen. Mat eisen Tools kanns du Waasserprouwen huelen, se analyséieren a filteren. D’Tools hëllefen dir d’Waasserqualitéit besser ze verstoen an op Basis vun de Resultater vun der Iwwerwaachung an denger Noperschaft aktiv ze ginn.

OPFÄNKEEMER FIR WAASSER

Dësen Eemer ass perfekt fir Waasser aus fléissende Gewässer op eng sécher Aart a Weis opzefänken. Wéi all eis Tools ass den Eemer ganz einfach hirzestellen, aus Material, dat net deier ass, wéi zum Beispill enger Plastiksfläsch, a wat een an all Baumaart fënnt.

REESAMMLER

Mam dësem Tool kanns du Reewaasser sammelen. Du kanns et zum Beispill un däin Offlossrouer fir de Reen hänken an mam gesammelte Reewaasser deng Planzen netzen.

BIO FILTER

De Waasserfilter besteet aus eenzele Schichte vu Naturmaterialien déi s du an denger Ëmgéigend fënns, zum Beispill Kräsi, Sand, Aktivkuel. Mat dëser Method kann ee Veronrengegungen aus dem Waasser filteren an seng Qualitéit verbesseren.

BAU DENG TOOLS!

Mat dësen Tools ka jiddereen d’Grondeegenschafte vum Waasser iwwerwaachen. Si ginn aus einfachem Material gemaach, kaschten net vill a sinn einfach hierzestellen. Eis Videotutorials hëllefen dir dobäi, deng eegen Tools ze bauen.

DEEL DENG ERFARUNGEN! MIR SINN OPEN SOURCE!

Wanns du deng Tools gebaut hues, kanns du nei Analyse maachen, bei dir doheem, an denger Noperschaft oder denger Uertschaft. Hëllef eppes an denger Gemeng ze bewierken an deel deng Waasserinformatiounen. Ziel eis wéi et war!

 

This error message is only visible to WordPress admins

Error: No connected account.

Please go to the Instagram Feed settings page to connect an account.

OPEN SPACE

Fir eise Projet weiderzëentwéckele maache mir e gratis Open Space, Freides vun 15 bis 17 Auer, wann d’Zäit eis et erlaabt. Hei ka jidderee matmaachen, Waasser hacken, Tools bauen an zesummeschaffen. Zum Open Lab gehéiert och e Maker Space wou s du kanns mat aneren experimentéieren a Waasser aus dem Floss niewendrun opfänken. Mell dech bei eis wanns du wëlls matmaachen oder einfach bis laanscht kucke kommen.