Salut! Du hues d’Tools gebaut an d’Analyse gemaach, lo ass et Zäit fir deng Resultater mat eiser Communautéit ze deelen fir dat mir all d’Diversitéit vum Waasser besser kënne verstoen. De Watergram ass eis Open data Plattform fir d’Qualitéit vum Waasser iwwerall ronderëm dech ze iwwerwaachen.

WATERGRAM VIRDEELER
Sensibiliséiert Benotzer
Fërdert eng Dateplattform fir Gemengen, déi vun den Donneeën déi hier Bierger publizéieren kënne profitéieren
Proposéiert den Uertschaften nei Konzepter fir natierlech Ressourcen op eng nohalteg Aart a Weis ze iwwerwaachen
Hëlleft dir deng Ëmwelt nei ze entdecken. Watergram hëlleft nei Waasserquellen fir ze analyséieren ze fannen (z. B. Baachen, Flëss, Séien, Weieren). Sief kreativ mat dengen eegenen Aktiounen!
Fir de Public:

Beim interaktive Léieren ginn d’Sujeten, déi an der Schoul geléiert ginn, integréiert (z.B. Naturwëssenschaften, Biologie, Geografie, Informatik, etc…).

Fir Wëssenschaftler:

Envisagéieren an Definéieren vun engem neie Déngschtleeschtungskonzept op Basis vun der Gebrauchsfäegkeet vun den Tools an de Resultater vun de Workshops. Ufänken innovativ Ëmwelttechnologien an big data analytics zesummenzeféieren fir eis Ëmwelt ze verbesseren an eis natierlech Ressourcen besser ze geréieren.

Fir Wëssenschaftsanimateuren:

Nei Methoden während de Workshops ausprobéieren, learning by doing an dobäi Wëssen a wäertvoll Kontakter gewannen. Interaktiivt Léieren spillt eng wichteg Roll wann et drëm geet den Interessi vu Jugendlechen ze gewannen. Dës Tools encouragéieren souwuel Jonker wéi och de Public am Allgemengen sich fir Naturwëssenschaften, Waasser an nohalteg Methoden fir d’Iwwerwaachung ze interesséieren.

Fir Gemengen:

Wichteg Informatiounen zur Waasserqualitéit via crowdsourcing sammelen. Dës Informatiounen gi wäertvoll Ablécker an déi aktuell Situatioun a kënnen sou dozou bäidroen besser Decisiounen zur Waassergestioun ze treffen. Zil vum Projet ass net fir déi aktuell Autoritéiten ze ersetzen, mee just fir zousätzlech Beweiser fir hir Efficacitéit bereet ze stellen.