Maach mat!

Hues du Loscht un engem Workshop deelzehuelen? Hei kriss du d’Méiglechkeet dech aktiv mat de Prinzipie vun der Waasseriwwerwaachung auserneenzesetzen an zesumme mat eise Wëssenschaftsanimateuren deng eegen Tools ze bauen. Eist Zil ass et, d’Participante firwëtzeg ze maache fir dat si selwer op Entdeckungsrees zum Thema Waasser ginn.
Mir bidden d’Aktivitéiten ob Englesch, Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch un. Am Allgemenge maache mir d’Workshops fir Leit iwwer 12 Joer, sinn awer och aneren Altersgruppe géigeniwwer oppen. Ee Workshop dauert normalerweis en hallwen Dag a besteet aus folgende Modulen:

Schrëtt 1
Schrëtt 2
Schrëtt 3
Eist Team kontaktéiert dech
mat enger Propose déi
op deng Besoinen
zougeschnidden ass.
AGENDA

Du wëlls méi wëssen? Eis Aktivitéite bidden eng gutt Geleeënheet fir méi iwwer eise Projet gewuer ze ginn. Méi Informatiounen zu eisen Aktivitéite fënns du an eisem Agenda oder benotz eise Formulaire fir dat mir kënnen iwwerleeë wéi ee Workshop am beschte bei deng Besoine kéint passen.

Datum Auerzäit Aktivitéit Plaz Organisatioun Organisateur kontaktéieren
21/03/2021 10:00-14:00 Workshop Lycée Guillaume Kroll CapFutur www.lgk.lu
29/02/2020 09:30 - 14:00 Cleanup Alzette Neimenster Pickitup Luxembourg https://www.facebook.com/events/496961914572536/
20/07/2019 10:00-14:00 End-of-School Party Belval Lycée Technique www.lbv.lu
14/09/2019 14:00 - 19:00 Water Bio Filter Esch-Sur-Alzette Nuit de la Culture http://nuitdelaculture.lu